Home
News
Pics
Bandhistory
Bandmembers
Lyrics
Live Gigs
Discography
Downloads
Links
Contact


Counter

Leschten Update:
26.07.2011




   Déi neisten News:

  • 20.03.2011 Mär hun eis op den neien Numm Shirkadath geenegt!

  • 20.03.2011 Den Arjen Vink huet aus perséinlechen Grenn opgehal an dofir sichen mer elo (alt erem) en neien Bassist. Wen interesséiert as kann eis gären eng Mail schécken.

  • 17.10.2010 Lazy Bones hun fir de Concert zu Waldbredimus leider missen ofsoen an gin ersat durch ShadoWhispers.



Wëllkomm op der Homepage vun Shirkadath!



Band Mär sin eng Heavy Metal Band aus dem Süden vun Lëtzebuerg.
Mär existéieren säit 1995, hun e Koup Concerten zu Lëtzebuerg an Emgéigend bestridden an och am Laaf vun de Joeren e puer CDen opgeholl!

Wéi Der gesidd hun mer den Design vun eiser Homepage e bëssen verännert; nieft den visuellen Ännerungen get et awer och elo nei Rubriken wéi d'Downloads-Sektioun, déi mer no an no mat Musik, Videos, Biller an aner Extras fëllen wärten...

Wat ëmmer nach bäim Alen bleift, dat as dass mer Iech ëmmer nach iwer déi leschten News an neisten Concerts-Daten um Lafenden halen an dass mer eis freen Iech, nämlech déi lëtzebuerger Metal-Fans an déi déi et vläicht gin op eisen Live Concerten begréissen ze kënnen!
Schliesslech geet et eis jo och dorem fir en Deel bäizedroen déi wonnerbar Musikrichtung um Liewen ze halen...

Sollt Der Froen, Uregungen oder Kritik hun, kënnt Der eis kontaktéiren ënner contact@thousandlakes.lu! An elo wënschen mer Iech vill Spass bäim Stöberen!

Rock on & Greetz,
Shirkadath (ex-Thousand Lakes)







View this site
in English






Besicht eis och op: